fr
Dienstag, 18.06.2024 — 19:00
neimënster, 28 rue münster, Luxemburg-Grund
Buchpräsentation und Diskussion
Här a Meeschter - Déi nei BD vum Marc Angel iwwer de „Klëppelkrich“
Mam Marc Angel a Sonja Kmec (Historikerin)
Moderatioun: Gérard Floener (RTL Lëtzebuerg)
Op Lëtzebuergesch Entrée fräi

Ufank vum 19. Joerhonnert, iergendwou an den Ardennen. E puer Joer virdrun huet de Buergermeeschter vun engem klengen Duerf un deem Opstand géint d'Truppen vum Napoléon deelgeholl, deen ënnert dem Numm Klëppelkrich (guerre des gourdins) an d'Geschicht goung. An der Tëschenzäit huet hien sech ëmgedréit fir sech der neier Muecht z'ënnerwerfen. Wann d'Fransouse vu senger Vergaangenheet sollte gewuer ginn, géif dat fir hien d'Guillotine bedeiten. Bis elo leeft alles gutt fir hien a seng zwee Gesellen, awer e fréiere Waffenkolleg, deen am Bësch verstoppt lieft, kënnt säi Spill opfléie loossen.

Am Gespréich mam Gérard Floener stellt de Marc Angel seng BD vir an de Sonja Kmec beliicht déi historesch Hannergrënn vun der BD.

De Marc Angel ass Illustrateur a BDs-Auteur ("De Schëmmelreider vun Useldeng", "Schichtwiessel", "De Jas" (Szenario J-L Schlesser) "De Jas kënnt zréck" (id) "Schortgen" (Szenario Charel Meder). Seng Zesummenaarbecht mam Samuel Hamen, "Zeeechen", gouf mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Säi lescht Wierk "La Mauvaise heure" (Szenario J-L Schlesser) ass beim franséische Verlag Mosquito erschéngen a gouf vun der franséischer a belscher Press eenhelleg gelueft.

D'Sonja Kmec (gebuer 1976) huet zu Paräis-Sorbonne, Glasgow, Durham an Oxford Geschicht studéiert. Zënter 2010 ass si Professesch am Fakultéit Geschicht vun der Uni Lëtzebuerg mat engem Fokus op Kulturgeschicht.


DE:

Anfang des 19. Jahrhunderts, irgendwo in den Ardennen. Einige Jahre zuvor beteiligte sich der Bürgermeister eines kleinen Dorfes am Aufstand gegen die Truppen Napoleons, der unter dem Namen Klëppelkrich (Klöppelkrieg) in die Geschichte einging. In der Zwischenzeit wandte er sich der neuen Macht zu. Wenn die Franzosen etwas über seine Vergangenheit erfahren würden, würde das für ihn die Guillotine bedeuten. Bisher läuft für ihn und seine beiden Jünger alles gut, doch ein ehemaliger Mitstreiter, der versteckt im Wald lebt, könnte sein Spiel auffliegen lassen.

Im Interview mit Gérard Floener stellt Marc Angel sein Comicbuch vor und Sonja Kmec erklärt die Geschichte des Klëppelkrichs  im europäischen Kontext.

Marc Angel, geboren 1960 in Diekirch, ist Illustrator und Comicautor (“De Schëmmelreider von Useldeng”, “Schichtwiessel”, “De Jas” (Szenario J-l Schlesser), “De Jas kënnt zréck” (id), “Schortgen” (Szenario Charel Meder)). Seine Zusammenarbeit mit Samuel Hamen („Zeeechen“) wurde mit dem Luxemburger Buchpreis ausgezeichnet. Sein letzter Band „La Mauvaise heure“ (Mosquito, 2022) wurde von französischen und belgischen Kritikern einhellig gelobt.

Sonja Kmec (geb. 1976) hat in Paris-Sorbonne, Glasgow, Durham und Oxford Geschichte studiert. Seit 2010 ist sie Professorin am Institut für Geschichte an der Universität Luxemburg mit Schwerpunkt Kulturgeschichte.

Organisatioun: Institut Pierre Werner, d’Frënn vun der 9. Konscht, Verlag Op der Lay
Ënnerstëtzung: neimënster